Déjà Vu
The Freewheelin' Bob Dylan - Bob Dylan
30 min
"The Freewheelin' Bob Dylan" ass dem Museker säin zweeten Album - an et sollt gläich säin internationalen Duerchbroch ginn, kënschtleresch a kommerziell. No bal engem Joer Opnamen am Studio kënnt d’Wierk Enn Mee 1963 bei Columbia eraus, produzéiert vum John Hammond, deen als Talentscout ënnert anerem och d’Billie Holiday an de Count Basie grouss erausbruecht hat. Den Dylan sengt géint den Establishment an traditionell Wäerter, mee och d'Léift kënnt net ze kuerz. Um Cover ass hien a seng deemoleg Frëndin Suze Rotolo ze gesinn. De Fred Medernach erzielt d'Geschicht vun dësem Kultalbum.