arrow_back_ios
Kultur
Human - en neien Documentaire vum Yann Arthus-Bertrand
“Human” ass den neie Film vum Aktivist, Fotograf a Regisseur Yann Arthus-Bertrand. Hie war viru kuerzem zu Lëtzebuerg, fir dësen Documentaire virzestellen. Am Film stellt hien ënnert anerem d’Fro, wat et bedeit, Mënsch ze sinn. D’Charlotte Wirth war op der Plaz an huet sech mam franséische Réalisateur ënnerhalen.