Kultur
An der Villa Vauban de Kuck-Sënn erfrëschen
“Die fünf Sinne in der Malerei-Les cing sens dans la peinture” heescht eng nei Ausstellung an der Villa Vauban, dem Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg. Kuratorin ass d’Gabriele Grawe; d'Ausstellung weist Wierker aus der eegener Kollektioun, a gräift ausserdeem op 20 exzeptionell Prêten aus anere Muséeën zréck. Dank der Zesummenaarbecht mam Schloss Freudenberg vu Wiesbaden, proposéiert d'Expo esou munnech spannend Iwwerraschungen, wéi d’Cléo Thoma feststelle konnt. Kucke goe kann ee bis de 26. Juni.