arrow_back_ios
Déjà Vu
Pearl - Janis Joplin
D'Sängerin léisst während den Opnamen am Oktober 1970 mat 27 Joer hiert Liewen wéinst enger Iwwerdosis Heroin. Och Alkohol war bei hir regelméisseg am Spill. D'Plackefirma Columbia bréngt den Album am Januar ’71 eraus. Produzéiert gouf e vum Paul A. Rothchild, deen och mat den Doors geschafft huet. "Pearl" mam éiwegen Hit "Me And Bobby McGhee" ass 9 Wochen noeneen d’Nummer 1 an den amerikaneschen Charts. Presentéiert vum Fred Medernach.