arrow_back_ios
Kultur
Envoyée spéciale, e Spionageroman vum Jean Echenoz
Dem Jean Echenoz säi 15. Roman ass eng Parodie vun engem Spionageroman, wou d’Heldin, Constance, vu Spiounen entfouert gëtt. De Lieser verfollegt dem Constance seng komplex Rees vu Paräis bis Nord-Korea. An esou erlieft hie vill Rebondissementer an deem humorvollen an originelle Roman, wou Fantasie an Abenteuer um Rendezvous sinn. Eng Rezensioun vum Franck Colotte.