Kultur
Eng éischt Live-Schaltung an de Casino
Am Live-Interview geet de Kevin Muhlen, Direkter vum Casino, op dat an, wat den nei aménagéierte Casino tatsächlech Neies par rapport zu deene leschten 20 Joer bréngt: d'Haaptausstellung ass um éischte Stack - deem eenzegen Deel vum Gebai, fir deen een nach Entrée bezuele muss. Dowéinst steet déi kënschtleresch Programmatioun och ënnert engem gewëssen Drock: wéi kritt een d'Leit dozou, fir zousätzlech zu allen Attraktiounen déi de Casino um Rez-de-Chaussée bitt, trotzdem nach ee Stack méi héich ze goen (an duerfir ze bezuelen).