Déjà Vu
/ Fredericks Goldman Jones - Jean-Jacques Goldman, Carole Fredericks, Michael Jones
Fredericks Goldman Jones - Jean-Jacques Goldman, Carole Fredericks, Michael Jones
An den 90er Joren huet dësen Trio an de franséischsproochege Länner richteg ageschloen, wéi all d'Albumen aus der Fieder vum Jean-Jacques Goldman an de Jore virdrun. Eigentlech hunn d’Carole Fredericks an de Michael Jones scho méi laang zum Goldman senger Band gehéiert, mä d’Iddi war, nom Goldman sengem "Album Entre gris clair et gris foncé", deenen aneren zwee Museker méi Plaz ze loossen.
D’Resultat ass e gelongenen Album, ganz variatiounsräich am Genre, mä och ganz engagéiert. En Titel wéi "Né le 17 à Leidenstadt" ass eng Reflektioun iwwert de Zivilcourage a Krichszäiten. "Nuit, A nos actes manqués" a "Juste après", si weider bekannten Titele mat vill Poesie, déi vu soziale Problemer, Aarmut an Ongerechtegkeeten handelen.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.