Kultur
Reise nach Berlin '83
1983 sinn 13 lëtzebuerger Auteuren zesummen op Liesungen op Berlin gefuer. De Marc Limpach huet bal e véirels Joerhonnert méi spéit d' Bichelchen "Nach Berlin" entdeckt an eng Liesung zesummen mam Kasemattentheater an dem Mierscher Literaturzenter organiséiert. Am Kasemattentheater huet sech dann den Ian de Toffoli mam Nico Helminger an dem Georges Hausemer iwwer dës Rees an den doraus entstane Folge fir lëtzebuerger Literaturwelt ënnerhalen. De Steve Karier huet di deemools schrëftlech festgehalen Andréck virgedroen.