Déjà Vu
Blue - Joni Mitchell
30 min
"Blue" ass de véierte Studioalbum vun der kanadescher Sängerin a Songwriterin Joni Mitchell. Den Album aus dem Joer 1971 koum sengerzäit an den US op déi 15. Plaz vun den Album Charts.
Mä haut ass den Album e Klassiker am Genre, mat Lidder, déi Geschicht geschriwwen hunn, wéi: "A Case of You", "California", "Little Green", "Blue", "Carey", oder och nach aner Lidder, déi awer net als Single erauskoumen, wéi "River". Dëse Song ass ee vun deene meescht gecoverte Lidder vum Joni Mitchell. Den Album "Blue" huet zënterdeem säi Wee gemaach, esou datt d’Fachzäitschrëften nach haut driwwer schreiwen. De Rolling Stone huet 2012 dem Joni Mitchell hire "Blue" op déi zweete Plaz vun de “Women who rock: The 50 Greatest Female Albums of all time”, gesat.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.