Déjà Vu
Sgt. Pepper's Lonely Hearts Club Band - The Beatles
30 min
Véier Grammy's, e Riesenopwand an der Produktioun, d'Faarwe vum summer of love, e Cover, deen, wéi den Album, Kult gëtt: d'Beatles drécken dem Summer 1967 hire Stempel op!
"A splendid time is guaranteed for all" séngt de Paul McCartney am Lidd iwwert de Mr. Kite. "Sgt. Pepper" gëtt wéi keen anert Beatles-Wierk den deemolegen Zäitgeescht erëm: d'britesch Insel an d'amerikanesch west coast sinn an Opbrochstëmmung, déi jonk Generatioun rifft no love and peace, d'Drogenapostel, wéi den Timothy Leary priedegen de Konsum vun LSD als Kreativléisung. An d'Beatles sinn e populäre Megaphon fir all dës Astellungen. Natierlech maache si sech domadder net nëmme Frënn a Lidder wéi "Lucy In The Sky With Diamonds" oder "A Day In The Life" sinn ë.a. bei der BBC staark ëmstridden.
Den US-Magazin Rolling Stone huet "Sergeant Pepper's Lonely Hearts Club Band" a senger 500 Greatest Albums Of All Time op d'Nummer Eent gesat. Och de Cover fir opzeklappen ass mat engem Grammy ausgezeechent ginn.
Presentéiert vum Fred Medernach.