Kultur
Filmkritik "Les oiseaux de passage"
Am Kader vum Luxembourg-City Film Festival leeft och de Kannerfilm "Les Oiseaux de Passage". De Simon Larosche wor sech dëse Film vun de belsche Bridder Olivier a Yves Ringer, zesumme matt enger Rei Schoulklassen ukucken. De Film erzielt d’Geschicht vum Cathy, dat vu sengem Papp fir säin 10. Gebuertsdag en Inten-Ee matt Brutkaste geschenkt kritt. Et ass awer dem Cathy seng Frëndin Margaux, dat an engem Rollstull sëtzt, wat am Zëmmer ass wann déi kléng Int aus dem Ee kënnt. Doduerch mengt d’Déierchen, dass d'Margaux seng Mamm ass. D’Cathy huet Näischt dogéint senger behënnerter Frëndin d’Int matt heem ze ginn, ouni natierlech den Elteren eppes dovun ze soen. Déi fannen et séier eraus a ginn dat piipsegt Déierchen un e Betrib, dee Paté aus erwuessenen Inte mécht. Déi zwou Frëndinne ginn hire Caneton retten a maachen sech zum Schrecke vun den Elteren an der Police matt him aus dem Stepps. De Film ass fräi vun all Pathos an iwwerdriwwenen Emotiounen, wat immens erfrëschend a réel ass.