Kultur
Pop(Corn) Culture: Monsters and Monuments
Net nëmmen déi héich Kultur ass relevant a beaflosst onst Liewen, mä och, a villäicht vill méi déi sougenannt populär Kultur, déi mer jo och a méi grousse Masse consomméieren. Bei "Pop(Corn) Culture" gi grad Mainstream-Filmer ënner verschiddene Perspektive betruecht, an a spannenden Diskussioune beschwat. Um Programm stinn dës Kéier ënner anerem dee leschte Star Wars Film, zwee X-Men Filmer (dorënner dee fuschneien, deen am Mee erauskënnt), oder och nach ee Film aus der Harry Potter-Serie. D'Agnès Prüm, Anglistin an Directrice d'Études op der uni lëtzebuerg an eng vun den initiatrice vum Projet, gëtt Explicatiounen.