arrow_back_ios
Kultur
Den éischten Ënnerwaasser Musée an Europa
Fir d’offiziell Ouverture vum Museo Atlantico zu Lanzarote, dem éischten Ënnerwaasser Skulpture Musée an Europa, goufe 400 Skulpturen entworf. Hannert dem aussergewéinleche Projet steet de britesche Kënschtler Jason deCaires Taylor. Hien ass bekannt fir d’Installatioun vun Ënnerwaasser Skulpturen uechtert d’Welt. Mat senge Skulpture wëll de briteschen Artist d’Relatioun tëscht de Mënschen an der Natur duerstellen. France Ewen.