Kultur
Franz Xaver Kroetz: "Enfant terrible" vun der däitscher Dramatik
Den däitschen Dramatiker, Acteur a Schrëftsteller Franz Xaver Kroetz setzt sech mat sengem Schaffen, grad ewéi säi grousst Virbild de legendäre Bertolt Brecht, zanter ëmmer fir déi Mënschen an, déi am Liewen ze kuerz kommen an am Schied vun der Gesellschaft stinn. De Kroetz huet all deene Mënsche mat senger literarescher Aarbecht eng Stëmm ginn a virun allem och den néidege Respekt entgéint bruecht, an en huet dobäi weder sech selwer nach anerer geschount. Déi meescht wäerten de Kroetz wuel als Yellow-Press-Journalist Baby Schimmerlos aus dem Helmut Dietl senger Kultserie “Kir Royal” kennen. De Franz Xaver Kroetz kritt haut 70 Joer an de Jean Claude Majerus huet e Portrait vum douéierte Kënschtler.