Kultur
International Deeg géint d'Excisioun och zu Lëtzebuerg
Ee vun den Uno-Objektiver fir eng nohalteg Entwécklung weltwäit, betrëfft d’Ofschafung vun der Excisioun bis d’Joer 2030. A fir dat dest Zil net vergiess gëtt, si virun 3 Joer déi international Deeg géint d’Mutilatioun vu weibleche Sexualorganer lancéiert ginn. Zu Lëtzebuerg bedeelegt sech ënnert anerem d’Fondation Follereau un der Aktioun; 2016 mat enger Fotoausstellung an der Stater Cité Bibliothéik.Am Alldag vun der Charlotte Honorez, déi bei Follereau als gestionnaire de projet aktiv ass, spillt de Kampf géint d'Excisioun eng ganz konkret Roll, doriwwer eraus engagéiert si sech fir d'Kannerrechter am allgemengen. Fir an dëse Beräicher eppes -reng duerch Informatioun an Diskussioun- un d'Rullen ze bréngen, brauch et Joeren. Sensibilisatioun huet mat sensibel sinn ze dinn. D’Charlotte Honorez a Co. wäerten sech hidden, d’Mutilatiounen kulturell a Fro ze stellen, a friem Länner ze goen an Traditiounen ze jugéieren, mee just vun de medezinesche Konsequenze fir d’Frae schwätzen. Wéi et kënnt, datt d’Affer vun Excisioune bis ewell net groussaarteg op d’Strooss gaange sinn? Well si hier gesondheetlech Problemer guer net onbedéngt mat dësem rituellen Agrëff a Verbindung bruecht hunn. Explikatiounen Kerstin Thalau.