Kultur
Den Auteur vun "Im Namen der Rose" Umberto Eco ass dout.
Den italienesche Schrëftsteller Umberto Eco hat e grousse Problem: ass en elo an éischter Linn Wëssenschaftler oder ass en Schrëftsteller. Den Eco hat nëmmen ee Kapp, awer iwwer 30 Éierendokter-Hitt, déi hätt e wuel iwwerteneen undoen kënnen, op dee Kapp dee gefëllt war mat Wëssen, Ironie, Witz a virun allem Fantasie. De bekannten Italiener war net nëmme bis 2007 Professer fir Semiotik, mä och Auteur vu Bestselleren. Wien kennt et net säi gréisste Wierk: "Il Nome della rosa-Im Namen der Rose". Den Umberto Eco ass e Freideg am Alter vun 84 Joer gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert un de groussen italieneschen Auteur.