Déjà Vu
Perfect Strangers - Deep Purple
Nodeems d’Hardrock-Band Deep Purple sech Enn de 70er Jore getrennt hat, entscheeden d’Museker sech 1983 ze reforméieren. 1984 kënnt hiren éischten Album no der Trennung op de Marché, de bekannte "Perfect Strangers". Deep Purple an der bekanntester Besetzung Mark II mam: Ritchie Blackmore, Danny Glover, Ian Gillan, Ian Paice an Jon Lord. Den Album ass en Hit weltwäit a gehéiert haut zu deene beléifteste Rock- a Metalalbume vun allen Zäiten.
Dem Jon Lord seng rau Kläng op enger Hammond Uergel, dem Ian Gillan seng onverkennbar Stëmm, oder dem Ritchie Blackmore säi Gittaresound mat Referenzen un d’Klassik.
"Knocking at your Back Door" a "Perfect Strangers" aus dësem Album sinn haut nach beléifte Live-Klassiker vun Deep Purple. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.