Kultur
Auf nach Batavia! Auf in den Krieg!
De Lëtzebuerger August Kohl war net just ee vun de méi wéi 1000 Zaldoten, déi am 19.Joerhonnert fräiwëlleg an den Dëngscht vun der nidderlännescher Arméi getruede sinn, hien huet seng Erliefnisser opgeschriwwen. Den Historiker Thomas Kolnberger vun der Uni Lëtzebuerg huet des Notizen analyséiert an a Zesummenaarbecht mat aner Chercheuren als Buch erausbruecht. Am CNL ass d' Buch an d' Liewe vum August Kohl virgestallt ginn. E Reportage vum Valerija Berdi.