Kultur
De Festival Next Generation zu Bad Ragaz
De Jugoslawien-Krich an den 90er Joren huet dee kroatesche Pianist Drazen Domjanic an d’Schwäiz verdriwwen, wou e sech eng nei Existenz huet missen opbauen. Mëttlerweil ass den Drazen Domjanic Administrateur an Directeur artistique vun der Internationalen Musikakademie im Fürstentum Liechtenstein. Dës Exzellenzschoul, déi gréisstendeels privat finanzéiert ass, fördert héichtalentéiert jonk Museker. Mam Festival Next Generation zu Bad Ragaz hunn dës Talenter ee Podium, wou se sech engem breede Public weisen. De Guy Engels war bei der 6. Editioun derbäi.