Kultur
Kollektiv Pleix am Cercle Cité
Um Ufank war Spontanéitéit, Frëndschaft, Kreativitéit, gemeinsam Themen, gemeinsam Animositéiten, wéi Ëmweltzerstéirung, Iwwerkonsommatioun, an d’Loscht, d‘Gesellschaft mat enger Art Zerrspigel vu sech selwer –op eng spilleresch an humorvoll Manéier- ze konfrontéieren. Ugangs des Joerdausends hunn sech zu Paräis 7 Uniabsolventen, aus de Beräicher Grafik, Spezialeffekter an 3D an elektronescher Musék, zu engem labbere Kënschtlergrupp zesummegeschloss, fir gemeinsam Videoclippen an –Animatiounen ze entwerfen. D’Aarbechte vu Pleix haten –zemools am anglophonne Raum- Succès, sou datt de Kollektiv mëttlerweil zanter 15 Joer aktiv ass. Ausstellungen am Modern Art Museum zu SanFrancisco, am Tokyo Museum of Fotography, am MU zu Eindhoven, 2015 Videoprojektioun um prestigiéisen Sundance-Film-Festival am Utah...Op www.pleix.net kënnt dir iech e gudden Iwwerbléck iwwert d’Bandbreet vun der Kreativitéit vum Kollektiv verschaffen. Oder dir gitt am Cercle Cité laanscht. Do stelle Pleix am Kader vum Luxembourg City Filmfestival aus. Explicatiounen Kerstin Thalau.