Kultur
De Robert Garcia iwwert de Projet ID
An de Rotondes gouf en Dënschden, déi sechsten Editioun vum Projet ID presentéiert. 53 Schüler aus de Preparatoireklasse vu véier Lycéeën, dorënner de Lycée technique de Bonnevoie an dem Lycée Bel-val, presentéieren eng Adaptatioun vum E.T.A Hoffmann sengem Wierk “Der Sandmann”. Ënnerstëtzt gi si vun enger multidisziplinärer artistescher Equipe. Op der Presentatioun vum ID vun dësem Joer, sot den Direkter vun de Rotondes, de Robert Garcia, datt de Projet ID eng wichteg Initiative wier vun där d’Schüler immens profitéieren.France Ewen