arrow_back_ios
Kultur
Cirque du Soleil: Hannert dem Dram stécht vill Aarbecht
De Cirque du Soleil ass dës Woch zu Lëtzebuerg: Scho virun 2 Joer war den Zirkus mat Sëtz zu Montréal mat der Show Corteo zu Lëtzebuerg. Elo si se bis e Sonndeg mat der Show "Varekai" an der Rockhal. Mee wei gesäit et hannert der Bühn aus? D’Charlotte Wirth huet sech doriwwer mat der Dänzerin Sylvia Camarda ënnerhalen. Vun 2005 bis 2006 war si bei der Show "Delirium" dobäi a war mam Cirque du Soleil op Tour duerch Nordamerika.