arrow_back_ios
Kultur
Cirque du Soleil: Hannert dem Dram stécht vill Arbecht
De Cirque du Soleil kënnt dës Woch op Lëtzebuerg: Den Zirkus mat Sëtz zu Montréal kënnt vum 17. Bis den 22. Februar mat der Show "Varekai" an d’ Rockhal. Mee wei gesäit et hannert der Bühn aus? D’ Charlotte Wirth huet sech doriwwer mat der Dänzerin Sylvia Camarda ënnerhalen. Vun 2005 bis 2006 war Si bei der Show "Delirium" dobäi a war mam Cirque du Soleil op Tour duerch Nordamerika.