arrow_back_ios
Kultur
"The Toy Gun", den Tournage zu Lëtzebuerg
Fir säin éischte grousse Film an der Funktioun als Réalisateur war sech de gebiertegen Escher Marco Serafini d’Ënnerstëtzung vun de beschten aus der Filmbranche sichen. An dat war wuel dee richtege Wee, wëll seng Schauspiller ware vun Ufank un vu sengem Projet begeeschtert a sti momentan zu Lëtzebuerg virun der Kamera. „The Toy Gun“, eng Gangster-Komedie a Libesgeschicht soll nächst Joer an de Kino kommen.