arrow_back_ios
Kultur
British Academy Film Awards 2016
De Film “ The Revenant” ass mat fënnef Awards grousse Gewënner bei de British Academy Film Awards, kuerz BAFTA Awards, zu London. Nieft dem Präis fir beschte Film, krut den Haaptacteur Leonardo di Caprio de Präis vum beschte Schauspiller. D’ Awards-Zeremonie vun der britescher Film a Fernsehakademie gëllt als wichtegen Indicateur virun der Oscar Iwwerreechung zu Los Angeles den 28. Februar.