Kultur
"404 not found" am CNA
Déi geféierlechst Stad vun der Welt war, dem Internet no, Juarez a Mexiko, wou e.a. zanter den 1990eger e puer Dausend Fraen ermord an entfouert gi sinn. 3 Joer laang hunn d'Carine an d'Elisabeth Krecké dofir Tracen op google street view gesicht. Hir Resultater stelle si als Konschtinstallatioun "404 not found" den Ament am CNA aus. D'Kerstin Thalau wollt vum Michèle Walerich vum CNA gewuer ginn, wat de Centre um Projet interesséiert huet.