Kultur
/ Ausstellung" Korrekturspuren - Textmetamorphosen" am Mierscher Literaturhaus - 2. Deel
Ausstellung" Korrekturspuren - Textmetamorphosen" am Mierscher Literaturhaus - 2. Deel
Den Edmond Dune huet sech bei der Kreatioun vu senge Gedichter vill um Bach senge Kompositiounen inspiréiert. Säi Gedichtsband "24 poèmes pour un coeur maltempéré" ass eng Uspillung un dem Bach säin "wohltemperiertes Klavier". Enner der Begleedung vun Erläuterungen vum Myriam Sunnen zu dëser literaresch-musikalescher Begéinung stellt Valerija Berdi de Prozess vun der Iddi bis zur Realisatioun vu literaresche Wierker vir.