Kultur
Danz mat an ouni Behënnerung: visite dansée duerch den 3CL
De leschte Mëttwoch stoung an der Banannefabrik erëm de sougenannte “3 du Trois” um Programm. Op dësem Rendez-vous kann een all Mount eng méi onkonventionelle Rees an d’ Welt vum Danz maachen a sech verschidde Projeten ukucken. Fir dës Spezialeditioun hunn Handicap International Lëtzebuerg, d’Mierscher Kulturhaus, den Tufa Tanz e.V an den TROIS C-L zesumme geschafft. Ennert dem Titel « En dansant, le regard crée le cadre » gouf des Kéier den Danz mam Handicap verbonn. D’ Anne Schaaf huet mat Konschtkenner geschwat, déi déi véier presentéiert Stecker analyséiert hunn.