Kultur
Filmkritik Point Break
Am Utopolis leeft Point Break, en Action-Thriller, deen e Remake soll si vum erfollegräiche Film mam selwechten Numm aus dem Joer 1991. Deemools huet de Keanu Reeves als FBI-Agent e Grupp vu Surfer ronderëm de Patrick Swayze infiltréiert, déi Banken iwwerfalen. Dës Kéier infiltréiert den Newcomer Luke Bracey e Grupp vun Eco-Extremsportler ronderëm den Edgar Ramirez, déi dem globale Kapitalismus eng auswësche wëllen. De Simon Larosche war déi nei Versioun vu Point Break kucken.