Kultur
Shots! Alcool & Cinéma
"Shots! Alcool & Cinéma" ass den Titel vun engem neie Buch vum Unisprofesser a beléifte Conférencier Dick Tomasovic. Ënnert däerselwechter Iwwerschrëft organiséiert d'Cinémathéik den 10. Februar en Themenowend: fir t'éischt gëtt et eng Rees duerch d'Filmgeschicht, mat Schwéierpunkt op den Alkohol am Film (illustréiert mat villen Extraiten); dann ee kuerze Sake-Interlude, a schliisslech d'Projektioun vun "Le goût du sake" ("An Autumn Afternoon"), dee leschte Film vum Yasujiro Ozu.