Déjà Vu
Street Fighting Years - Simple Minds
"Mandela Day" a "Belfast Child" si bestëmmt haut nach déi bekannsten Titelen aus dem Album "Street Fighting Years" vu Simple Minds.
Dësen ass den aachte Studioalbum vun der Band mam charismatesche Sänger Jim Kerr, aus dem Joer 1989. En Album, dee sech vun hiren amerikanesche Soul- a Gospel-Influenzen distanzéiert a sech wesentlech méi akustesch wëll, duerch an duerch vu Celtic/Folk Music Elementer geprägt.
Nieft deene genannten Hits, sinn och aner musikalesch Pärelen an immens politesch engagéiert Lidder op deem Album, Lidder wéi "Soul Crying Out", "This is your Land", "Street Fighting Years" an anerer wéi "Biko". Dëse leschte Song kënnt aus der Fieder vum Peter Gabriel, dee vum Steve Biko zielt, e südafrikaneschen Anti-Apartheid Aktivist.
Den Album "Street Fighting Years" vu Simple Minds bleift ee vun de politesch engagéierste Museksprojeten aus deene leschten 30 Joer, woubäi eng ganz Partie prominent Museker als Gäscht derbäi waren: Manu Katché, Stewart Copland, Lou Reed an anerer. Presentéiert vum Manuel Ribeiro.