Déjà Vu
The Joshua Tree - U2
D'Band U2 gouf 1976 gegrënnt a gëlt als ee vun de beschte Rockquartetter aus de leschten 30 Joer. 1987 gëtt déi ganz Welt op d'Band U2 opmierksam duerch den excellenten Album "The Joshua Tree". Drop ze fanne sinn Titele mat amerikaneschen an iresche Wuerzelen, denke mer eleng un "I Still Haven't Found What I'm Looking For", "With Or Without You" oder "Where The Streets Have No Name". En Album, deen op der Band hiren Engagement géint Ongerechtegkeete wéi d'Apartheidspolitik, fir humanitär Problemer an Ëmweltschutz hiweist.
Den Album "The Joshua Tree" an iwwerhaapt U2, hunn eng ganz Generatioun vu jonke Mënschen zu méi politeschem Interessi motivéiert.
De Manuel Ribeiro stellt den Album vir, dee sech weltwäit iwwer 25 Millioune mol verkaf huet.