De 5. Studioalbum vun den Eagles (1976) verkeeft sech weltwäit eng 32 Millioune Mol a réckelt d'Band méi no bei de mainstream rock. Eleng den Titelsong ass Kult ginn!
Den Doud vum Glenn Frey huet et mat sech bruecht, datt "Hotel California" nees op alle Radioen erop an erof gespillt gëtt. Mee net eleng wéinst dësem traurege Moment an dem populären Iwwersong ass d'Wierk bemierkenswäert. Et gouf Changementer an der Band, d'Eagles setze manner op Country, mam Joe Walsh ass e méi rockorientéierte Gittarist derbäi komm. Mat "The Last Resort" bréngt d'Band onerwaart de Sujet Ökologie an d'Gespréich, den Titelsong vum Album ass Stoff fir allerhand Spekulatiounen iwwert déi méi däischter Säit vum Liewen a mam Drummer Don Henley hunn d'Eagles e Sänger fonnt, deen de Gittaren ... de Bass hellt!
Presentéiert vum Fred Medernach.