Déjà Vu
The Lamb lies down on Broadway - Genesis
Den Numm Genesis steet fir progressive Rock. 1974 kënnt der Band hire 6. Studioalbum eraus. "The Lamb lies down on Broadway", deemools nach mam Peter Gabriel als Lead Sänger, ass e Konzeptalbum. Am Mëttelpunkt steet de jonke Rael, en typeschen New Yorker Kid, deen op der Sich ass no spirituellen Äntwerten. Eng surreal Geschicht, wou de Rael am Underground vun New York mat bizare Kreaturen a Gefore konfrontéiert gëtt, fir säi Brudder John ze retten. En dueblen Album mat Theme wéi Perséinlechkeetsspaltungen, Paradäis, Hell, Wouerecht a Fantasie.
"The Lamb lies down on Broadway" gehéiert dem Rolling Stone Magazin no an déi "50 Greatest Prog Rock Albums of all Time".
De Manuel Ribeiro kommentéiert dësen Album.