arrow_back_ios
Déjà Vu
So - Peter Gabriel
"So" ass de 5. Solo-Album vum fréieren Genesis-Mastermind Peter Gabriel. Den Album kënnt am Mee 1986 eraus, produzéiert vum Duo Gabriel / Daniel Lanois - deen ass selwer Museker, bekannt awer gëtt hien als Produzent fir ë.a. Bob Dylan, Emmylou Harris, Neil Young a U2 hire "Joshua Tree". Den Album stiermt d’Charts, kritt eleng an de Vereenegte State 5 mol Platin. De groussen Hit a Bild an Toun gëtt "Sledgehammer". Presentéiert vum Fred Medernach.