arrow_back_ios
Déjà Vu
Tommy - The Who
Am Mee 1969 brénge The Who mat "Tommy" e Studioalbum eraus, deen als déi erfollegräichste Rockoper an d’Musekgeschicht ageet. Praktesch sämtlech Titele gi vum Gittarist Pete Townsend geschriwwen, deen domat e Géigestéck zum éischter raue Mod-Image vun der britescher Band an hire sëllege 45 Tours-Succèse (ënnert anerem "My Generation") schaaft. Tommy sollt spéider och als Film, Musical a Ballet kommerzialiséiert ginn a fir zolitten Ëmsaz suergen. Presentéiert vum Fred Medernach.