Déjà Vu
A Night at the Opera - Queen
1975 kënnt de bekannte 4. Studioalbum "A Night at the Opera" eraus. Den Numm vum Album kënnt aus dem Film vun de Marx Brothers "A Night at the Opera", deen d’Band sech ugekuckt hat während dem Ophuele vun den Titelen. Haut gehéiert dësen Album zu de beléifste vun der Rock Band. Progressive Rock, Balladen a Music Hall Stiler, wéi och Hard Rock Nummere sinn drop ze fannen. D’"Bohemian Rhapsody" beispillsweis ass opgebaut, wéi e klassescht Stéck, als kleng Suite mat enger Intro, Ballade, lyresche Passagen, enger Hard Rock Sequenz an engem Coda.
Aner bekannt Titele wieren: "Love of my life", "God save the Queen" oder "You’re my best Friend". D’Fachzäitschrëft Rolling Stone klasséiert den Album "A Night at the Opera" 2003 an d’Lëscht vun de 500 beschten Albume vun allen Zäiten.
De Manuel Ribeiro verschaaft en Abléck an dësen Album vu Queen.