De Bandnumm als Titel fir den Debutalbum: "The Doors" kënnt am Januar 1967 eraus. Ugedriwwe gëtt d’Grupp vum Duo Jim Morrison (Gesank) a Ray Manzarek (Uergel). Mat Kompositioune wéi "Light My Fire", "The End", "Break On Through" oder dem Brecht/Weil-Titel "Alabama Song" iwwerzeegt de kalifornesche Quartett, dem Morrison säi Charisma suergt zousätzlech fir vill diskutéiert Opmierksamkeet. Virgestallt vum Fred Medernach.
arrow_back_ios