Déjà Vu
Brothers in Arms - Dire Straits
Ee vun deenen éischten Albumen aus der Rockgeschicht, deen als CD an och komplett digital opgeholl gouf, ass de "Brothers in Arms" vun Dire Straits aus dem Joer 1985.
Et ass de 5. Studioalbum vun der Band, dee bis haut iwwer 30 Millioune mol verkaf gouf an zu den 30 meescht verkaaftenen Albumen aus der Museksgeschicht zielt. Néng Titele sinn drop ze fannen: nieft dem bekannten Opener "So far away" mat Countrytéin, den humorvollen an ironesche "Walk of life". Den Titel "Money for nothing" huet deemools och als Video-Clip eng nei Ära vu Museksmarketing op MTV agelaut.
Den engagéierten Titel "Brothers in Arms" ass nieft "The Man’s too strong" ganz emotional a schléisst mat engem luese Gittaresolo vum Mark Knopfler voller Hoffnungsspuren den Album of.
De Manuel Ribeiro verréit méi zum Album aus dem Joer 1985 an zu Dire Straits.