Déjà Vu
The Songs Of Leonard Cohen - Leonard Cohen
De Kanadier Leonard Cohen war schonn 33 Joer al, wéi hien décidéiert huet et och als Songwriter ze probéieren. Fir säin Debut-Album huet hien op eegen Texter zréckgegraff, déi hien a senger Schrëftstellerzäit geschriwwen oder publizéiert hat. Am Mëttelpunkt steet natierlech d'Lyrik, de Cohen begleet sech selwer op der Gittar. D'Band Kaleidoscope, déi mat am Studio ass, kënnt kaum grouss eraus. De Produzent John Simon wollt de Sound, deen esou opgeholl gouf, mat zousätzlechen Instrumenter an Technik opblosen, mee de Cohen huet ofgeblockt: "Ech sinn e Songwriter, ee wéi den Dylan!". Wat dann och de Fall war ... an et ass bis haut d'Erfollegsrezept vum Kanadier bliwwen! Presentéiert vum Fred Medernach.