Déjà Vu
The Wall - Pink Floyd
"The Wall" ass e Konzept-Album, deen déi perséinlech Einsamkeet an Isolatioun thematiséiert, dat ganzt ënnerstrach mat Kritiken un d'Konsumgesellschaft. De Kultalbum ass den néngte Studioalbum vun der Rockband Pink Floyd.
An dëser Rock-Oper steet de Personnage Pink am Mëttelpunkt, eng Quasi-Autobiographie vum Matgrënner vu Pink Floyd, dem Bassist a Komponist Roger Waters.
De Pink begéint a sengem Liewe ville Schwieregkeeten. Scho während dem Zweete Weltkrich verléiert hien als Bouf säi Papp, gëtt an der Schoul vun de Schoulmeeschtere geschloen a vu senger extrem possessiver Mamm geschützt. Spéider leeft him d'Fra fort, alles Facteuren, déi dem Pink säi Liewen esou beaflossen, datt hie sech lues a lues vun der Gesellschaft isoléiert. Symbolesch gëtt dëst mat enger Mauer duergestallt.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.