Radioen

On air

Notturno  |  Joan Shelley - Amberlit Morning Feat. Bill Callahan

play_arrow Live
arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ Nation Branding: Kann een e Staat vermaarten?

Nation Branding: Kann een e Staat vermaarten?

on the headlines

Zënter Méint gëtt intensiv un der Marque Lëtzebuerg geschafft. Am Fräie Mikro stellt d'Simone Beck d'Froen: Kann een e Staat vermaarte wéi e Produit? A firwat soll een dat iwwerhaapt?

D’Lëtzebuerger Autoritéiten awer e Wee, wéi een d’Natioun Luxembourg kéint vermaarten. Wéini ass Branding noutwendeg? Wann e Produit nei agefouert gëtt a bekannt gi muss. Branding ass och noutwendeg, wann e Produit säin negativen Image muss opbesseren. Den Image vu Lëtzebuerg no baussen ass säit laangem net dee positiivsten: Steierparadäis, Freeport, steierlech Avantagë fir grouss international Firmaen, verbal Ausrutscher vu Lëtzebuerger Politiker op der Europabühn, den Ausgang vum Referendum asw.

Den englesche Politikconsultant Simon Anhalt, deen als de Papp vum Nation Branding gëllt, huet sech an der Tëschenzäit vu sengem eegene Konzept distanzéiert. An engem Interview sot hien, dass et kengem Land mat engem negativen oder schwaache Profil gelonge wier, duerch opwennege Marketing- a PR-Campagnen säin Image ze verbesseren. Déi politesch Responsabel géife vun der falscher Tatsaach ausgoen, dass duerch eng Werbecampagne vun e puer Wochen den Image vun engem Land verbessere kéint. Dat wier awer e laangjärege Prozess, dee virun allem op enger déifgräifender Ännerung vu banne misst berouen.

Episoden

Firwat gëtt d'ADR gewielt?

Déi 25 Gemengen, wou d'ADR bei den Europawale méi wéi 15 Prozent krut, leien all am ländleche Raum.
headphones

4 min

play_arrow

Zeréck hanner d‘Dëppen

D’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent ka keng Léisung sinn.
headphones

4 min

play_arrow

Vun Aarmut a Populismus

Populisten schwammen op der Well vun der Angscht virun Aarmut a Verloscht vu vermeintleche Privileegien

Schoul an Opklärung gehéieren zesummen

D’Schoul soll deene Jonken hëllefen de Kapp opzemaachen.
headphones

4 min

play_arrow

Firwat wiele Grenzgänger riets-nationalistesch Parteien?

Direkt hanner der Grenz hu 40 Prozent vun de Wieler fir de Rassemblement National gestëmmt.
headphones

4 min

play_arrow

Resistenz fréier an haut

Enger desastréiser Iwwerschwemmung vu Lige si mir an eisen Demokratien ausgesat.
headphones

4 min

play_arrow

D’Meedercher si vir

Si passen sech besser un eise Bildungssystem un.
headphones

4 min

play_arrow

De Client ass net méi de Kinnek

Déi menschlech Bezéiunge kréien nëmmen den zweete Präis.
headphones

4 min

play_arrow

Vun neien an ale Gëtter 2.0

Zu enger méi vernënfteger Politik wäert dat och dës Kéier net féieren.
headphones

4 min

play_arrow

Erënnerung un d'Bertha von Suttner: "Die Waffen nieder!“

Mat hirem Numm verbonne bleift hiren onermiddlechen Asaz fir de Fridden.
headphones

4 min

play_arrow

Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...

... mee déi Politiker a Parteien, déi d'Ängschten a Gefiller vun de Mënschen instrumentaliséieren.
headphones

4 min

play_arrow

Rietsradikal Parteien an Europa: verdeelt an trotzdeem widderstandsfäeg

Vun Donneschdeg bis Sonndeg gëtt en neit Europäescht Parlament gewielt.
headphones

5 min

play_arrow

Internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen

Egal ob lesbesch, schwul, bi, trans, inter oder queer - Diskriminéierung gehéiert fir dës Persounen dacks zum Alldag.
headphones

4 min

play_arrow

Eng humanistesch Visioun fir en Europa vu muer

Eng vun den zentrale Froen ass déi vun der Verdeedegung vun de Mënscherechter.
headphones

4 min

play_arrow

Klimaschutz als Mënscherecht

Den Europäesche Geriichtshaff huet festgehalen, datt de Klimaschutz eng staatlech Flicht ass.
headphones

4 min

play_arrow

Trendsetter an der Schoul  

Sozial oder politesch Sujet'en, iwwer déi Erwuessener just diskutéieren, ginn am Mikrokosmos Schoul längst live getest
headphones

4 min

play_arrow

Eng gesamtgesellschaftlech Debatt iwwert de Rentesystem?

Wéi kënnt eng Rentereform ausgesinn?
headphones

4 min

play_arrow

Ongewëss demographesch Perspektiven

Ouni auslännesch Matbierger géif d` Bevëlkerung vu Lëtzebuerg mat der Zäit staark schrumpfen, wat eist Entwécklungsdynamik staark aschränken géif
headphones

4 min

play_arrow

Olympia, Politik a Mënscherechter

Onpolitesch Olympesch Spiller sinn e fromme Wonsch
headphones

4 min

play_arrow

Äddi, Natioun!

Lëtzebuerg ass am gaangen duerch sozial Exklusiounsprozesser am zu enger klientelistescher Finanzplaz ze regresséieren
headphones

4 min

play_arrow