Déjà Vu
Déjà Vu - Crosby, Stills Nash & Young
Si waren zu dräi: den David Crosby, de Stephen Stills an de Graham Nash. No hirem erfollegräichen Debut-Album wollte si d'Bandbreed vun hirer Musek an hirem Repertoire erweideren an hunn de Kanadier Neil Young mat u Bord geholl. Vu Juli bis Dezember 1969 hunn déi Véier a Kalifornien um Album "Déjà Vu" geschafft, jidderee vum Quartett konnt a sollt Eegekompositioune bäisteieren. Esou ganz huet et mat der Harmonie wuel nach net gestëmmt, mee d'Resultat vun engen 800 Stonnen am Studio war iwwerzeegend: den Album huet et bis un d'Spëtzt vun de Bilboard Charts gepackt an d'Band weltbekannt gemaach. Den däitsche SPIEGEL beschreift d'Wierk haut als "Soundtrack der sogenannten Woodstock-Generation". Presentéiert vum Fred Medernach.