Déjà Vu
Chicago Transit Authority - Chicago
No éischte Succèsen ënnert dem Numm "The big thing", ass déi haut als Chicago bekannte Band 1968 op Los Angeles gaangen, fir en Album ënnert dem Bandnumm Chicago Transit Authority ze verëffentlechen. Den Debütalbum "Chicago Transit Authority" koum a Form vun enger Duebel-LP eraus.
Op Drock vun der Transportgesellschaft aus Chicago, déi genee dee selwechten Numm hat, entscheet d'Band sech, den Numm op Chicago ze kierzen. Am Lidd "Someday" vun dësem éischten Album, verschafft d’Band dës Uklo.
Mä weider sinn nach ganz aner Kulttitelen ze fannen, wéi "24 or 6 to 4", "Questions 67 and 68", "Beginnings" ... D'Rockband with Horns gouf zur Legend am Jazz-Rock.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.