Radioen

On air

Notturno  |  Marie Modiano - Guérir Ma Colère

play_arrow Live
arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ De Konflikt am Noen Osten net vergiessen

De Konflikt am Noen Osten net vergiessen

on the headlines

Wéinst de rezente Gewalttätegkeeten an dem Doud vun dräi jonken Israeli ass den Noen Osten nees op der Dagesuerdnung vun de Medien. Duerch d’Kricher am Irak a Syrien hate mer bal vergiess, datt de Konflikt tëscht Palästina an Israel nach ëmmer net geléist ass.

E Palästinenser, deen haut 60 Joer al ass, huet säi Liewe laang weider näischt erlieft ewéi Krich. Kann een sech dat virstellen? Déi Leit sëtzen an engem Provisorium, deen e Liewen dauert. Si hu kee Land, keen unerkannte Staat, keng Identitéit, keng Perspektiven. Kierzlech koum et erëm zu schlëmmen Eskalatioune wou jonk Palästinenser jüdesch Bierger mat Messeren iwwerfal an doud gemaach hunn. Skandaliséiert Medien diskutéieren ob et sech dann elo em eng drëtt Intifada handelt oder net. Mee déi eenzeg richteg Fro, déi net gestallt gëtt, ass: Kann d’Situatioun am Noen Osten, wou et keng Léisung fir de Konflikt gëtt, wou et net emol Hoffnung op eng Léisung gëtt, zu eppes aneschtes féiere wéi zu Gewalt.

Kee Vollek kann akzeptéiere keng Zukunft ze hunn. Datt déi jonk Generatioun sech radikaliséiert a Steng géint Messeren austauscht, kann eigentlech kee wonneren. Och d’israelesch Arméi huet hier Waffen der Zäit an de Mentalitéiten ugepasst. Kann een sech virstelle wat am Kapp vun engem jonke Palästinenser, deen zu Hebron oder Naplous opgewuess ass, virgeet? Kann hien nach dreemen oder mécht en just nach Cauchemaren?

De Fräie Mikro vum Danielle Igniti.

Episoden

Firwat gëtt d'ADR gewielt?

Déi 25 Gemengen, wou d'ADR bei den Europawale méi wéi 15 Prozent krut, leien all am ländleche Raum.
headphones

4 min

play_arrow

Zeréck hanner d‘Dëppen

D’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent ka keng Léisung sinn.
headphones

4 min

play_arrow

Vun Aarmut a Populismus

Populisten schwammen op der Well vun der Angscht virun Aarmut a Verloscht vu vermeintleche Privileegien

Schoul an Opklärung gehéieren zesummen

D’Schoul soll deene Jonken hëllefen de Kapp opzemaachen.
headphones

4 min

play_arrow

Firwat wiele Grenzgänger riets-nationalistesch Parteien?

Direkt hanner der Grenz hu 40 Prozent vun de Wieler fir de Rassemblement National gestëmmt.
headphones

4 min

play_arrow

Resistenz fréier an haut

Enger desastréiser Iwwerschwemmung vu Lige si mir an eisen Demokratien ausgesat.
headphones

4 min

play_arrow

D’Meedercher si vir

Si passen sech besser un eise Bildungssystem un.
headphones

4 min

play_arrow

De Client ass net méi de Kinnek

Déi menschlech Bezéiunge kréien nëmmen den zweete Präis.
headphones

4 min

play_arrow

Vun neien an ale Gëtter 2.0

Zu enger méi vernënfteger Politik wäert dat och dës Kéier net féieren.
headphones

4 min

play_arrow

Erënnerung un d'Bertha von Suttner: "Die Waffen nieder!“

Mat hirem Numm verbonne bleift hiren onermiddlechen Asaz fir de Fridden.
headphones

4 min

play_arrow

Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...

... mee déi Politiker a Parteien, déi d'Ängschten a Gefiller vun de Mënschen instrumentaliséieren.
headphones

4 min

play_arrow

Rietsradikal Parteien an Europa: verdeelt an trotzdeem widderstandsfäeg

Vun Donneschdeg bis Sonndeg gëtt en neit Europäescht Parlament gewielt.
headphones

5 min

play_arrow

Internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen

Egal ob lesbesch, schwul, bi, trans, inter oder queer - Diskriminéierung gehéiert fir dës Persounen dacks zum Alldag.
headphones

4 min

play_arrow

Eng humanistesch Visioun fir en Europa vu muer

Eng vun den zentrale Froen ass déi vun der Verdeedegung vun de Mënscherechter.
headphones

4 min

play_arrow

Klimaschutz als Mënscherecht

Den Europäesche Geriichtshaff huet festgehalen, datt de Klimaschutz eng staatlech Flicht ass.
headphones

4 min

play_arrow

Trendsetter an der Schoul  

Sozial oder politesch Sujet'en, iwwer déi Erwuessener just diskutéieren, ginn am Mikrokosmos Schoul längst live getest
headphones

4 min

play_arrow

Eng gesamtgesellschaftlech Debatt iwwert de Rentesystem?

Wéi kënnt eng Rentereform ausgesinn?
headphones

4 min

play_arrow

Ongewëss demographesch Perspektiven

Ouni auslännesch Matbierger géif d` Bevëlkerung vu Lëtzebuerg mat der Zäit staark schrumpfen, wat eist Entwécklungsdynamik staark aschränken géif
headphones

4 min

play_arrow

Olympia, Politik a Mënscherechter

Onpolitesch Olympesch Spiller sinn e fromme Wonsch
headphones

4 min

play_arrow

Äddi, Natioun!

Lëtzebuerg ass am gaangen duerch sozial Exklusiounsprozesser am zu enger klientelistescher Finanzplaz ze regresséieren
headphones

4 min

play_arrow