Radioen

On air

Notturno  |  Lou Reed - New Sensations

play_arrow Live
arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ Wien gleewt nach un den europäeschen Demokratie-Modell?

Wien gleewt nach un den europäeschen Demokratie-Modell?

D'Europäer sinn zwar gewinnt Leit mat vill Misère an Europa opzehuelen, virausgesat de Misère besteet doranner, dat dës Hickecht net sou richteg weess wouhi mat all hirem Geld. Besteet de Misère awer einfach doranner dat an de Heemecht vun dëse Mënsche Liewen duerch Kricher oder soss Konflikter onméiglech ginn ass, fir dee Misère schénge mer kee richtege Plang ze hunn. Dofir lenks a riets Staatschefen déi a schéine Riede vun enger weiderer Krise schwätzen a kloer maachen dat en Relatvismus à la Feyerabend nom Motto 'anything goes' mat Sécherheet net an Tut kënnt – jiddefalls net am eegene Land. Europa hinn oder hir – dat wäert dach jidderengem aliichten.

Engersäits also Politiker déi net agesinn dat déi Schwieregkeete vun haut oft d'Friichte vu genau där Politik - also hirer eegener – sinn; an anersäits Bierger deenen et ze laang ze gutt gaangen ass fir kritesch a vigilant ze bleiwen -wann Revolutioun hir eege Kanner frësst an enger postmoderner Form.

Et schéngt dat anzetriede wat de Lyotard schonns viru 35 Joer a sengem Rapport iwwert déi postmodern Konditioun ugekënnegt huet: an zwar dat sech lues awer sécher kee méi fënnt deen all déi schéi Geschichte gleeft déi soss eis Institutiounen, eis politescht a moralescht Handele jo eis ganz Gesellschaftsstruktur legitiméiert hunn.

E fräie Mikro vum Jean-Luc Thill.

Episoden

Firwat gëtt d'ADR gewielt?

Déi 25 Gemengen, wou d'ADR bei den Europawale méi wéi 15 Prozent krut, leien all am ländleche Raum.
headphones

4 min

play_arrow

Zeréck hanner d‘Dëppen

D’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent ka keng Léisung sinn.
headphones

4 min

play_arrow

Vun Aarmut a Populismus

Populisten schwammen op der Well vun der Angscht virun Aarmut a Verloscht vu vermeintleche Privileegien

Schoul an Opklärung gehéieren zesummen

D’Schoul soll deene Jonken hëllefen de Kapp opzemaachen.
headphones

4 min

play_arrow

Firwat wiele Grenzgänger riets-nationalistesch Parteien?

Direkt hanner der Grenz hu 40 Prozent vun de Wieler fir de Rassemblement National gestëmmt.
headphones

4 min

play_arrow

Resistenz fréier an haut

Enger desastréiser Iwwerschwemmung vu Lige si mir an eisen Demokratien ausgesat.
headphones

4 min

play_arrow

D’Meedercher si vir

Si passen sech besser un eise Bildungssystem un.
headphones

4 min

play_arrow

De Client ass net méi de Kinnek

Déi menschlech Bezéiunge kréien nëmmen den zweete Präis.
headphones

4 min

play_arrow

Vun neien an ale Gëtter 2.0

Zu enger méi vernënfteger Politik wäert dat och dës Kéier net féieren.
headphones

4 min

play_arrow

Erënnerung un d'Bertha von Suttner: "Die Waffen nieder!“

Mat hirem Numm verbonne bleift hiren onermiddlechen Asaz fir de Fridden.
headphones

4 min

play_arrow

Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...

... mee déi Politiker a Parteien, déi d'Ängschten a Gefiller vun de Mënschen instrumentaliséieren.
headphones

4 min

play_arrow

Rietsradikal Parteien an Europa: verdeelt an trotzdeem widderstandsfäeg

Vun Donneschdeg bis Sonndeg gëtt en neit Europäescht Parlament gewielt.
headphones

5 min

play_arrow

Internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen

Egal ob lesbesch, schwul, bi, trans, inter oder queer - Diskriminéierung gehéiert fir dës Persounen dacks zum Alldag.
headphones

4 min

play_arrow

Eng humanistesch Visioun fir en Europa vu muer

Eng vun den zentrale Froen ass déi vun der Verdeedegung vun de Mënscherechter.
headphones

4 min

play_arrow

Klimaschutz als Mënscherecht

Den Europäesche Geriichtshaff huet festgehalen, datt de Klimaschutz eng staatlech Flicht ass.
headphones

4 min

play_arrow

Trendsetter an der Schoul  

Sozial oder politesch Sujet'en, iwwer déi Erwuessener just diskutéieren, ginn am Mikrokosmos Schoul längst live getest
headphones

4 min

play_arrow

Eng gesamtgesellschaftlech Debatt iwwert de Rentesystem?

Wéi kënnt eng Rentereform ausgesinn?
headphones

4 min

play_arrow

Ongewëss demographesch Perspektiven

Ouni auslännesch Matbierger géif d` Bevëlkerung vu Lëtzebuerg mat der Zäit staark schrumpfen, wat eist Entwécklungsdynamik staark aschränken géif
headphones

4 min

play_arrow

Olympia, Politik a Mënscherechter

Onpolitesch Olympesch Spiller sinn e fromme Wonsch
headphones

4 min

play_arrow

Äddi, Natioun!

Lëtzebuerg ass am gaangen duerch sozial Exklusiounsprozesser am zu enger klientelistescher Finanzplaz ze regresséieren
headphones

4 min

play_arrow