Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - A2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Fräie Mikro

Zoumaachen!

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Zoumaachen ass d’Wuert vun der Zäit! D’Grenzen, d’Dieren, d’Gaardepaarten an d’Häerzer. Zoumaache well d’Auslänner komme fir vun eisem Wuelstand ze profitéieren! Si huelen eis Bauplazen, eis Aarbechtsplazen, eis Meedercher! Si beaflossen eis Liewensweis, si imposéieren hier Sprooch, hier Kultur an hier Religioun. Déi, déi beim Comptoir stinn, héieren dëst all Dag. Mee net just um Comptoir, leider och op Plaze wou een sech e bësse méi Niveau erwaarde géif. An natierlech och a Parteien. Et ka wierklech net wäit hir si mat eiser Kultur wann e puer dausend Flüchtlingen se a Gefor bréngen.

De Moment fir des Propaganda ass ideal. D’Leit hunn net méi vill Vertrauen an d’Politik, well déi et net hikréien de wëlle Kapitalismus ze stoppe wou Räicher skandaléis räich ginn, an Aarmer ëmmer méi aarm. Dozou kommen nach e puer Skandaler vu Gefuddels, Hannerzéie vun ëffentlechem Gelder an natierlech esou e katastrofaalt Krisemanagement wéi zum Beispill a Griicheland. Mir fillen eis bedrot well mer och net sécher sinn op des Politiker eis Fräiheete verteidege kennen.

Onzefridde Leit deenen et verhältnisméisseg gutt geet, manipuléiert vu populistesche Politiker déi keng Léisungen unzebidden hunn a just mat den Emotioune vun de Léit spillen, regéieren d’Welt. A kee seet, datt dat Faschismus ass. Et kuckt een dem Ganzen no an et fillt en sech schlecht.

E fräie Mikro vum Danielle Igniti:

Episoden

Firwat gëtt d'ADR gewielt?

Déi 25 Gemengen, wou d'ADR bei den Europawale méi wéi 15 Prozent krut, leien all am ländleche Raum.
headphones

4 min

play_arrow

Zeréck hanner d‘Dëppen

D’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent ka keng Léisung sinn.
headphones

4 min

play_arrow

Vun Aarmut a Populismus

Populisten schwammen op der Well vun der Angscht virun Aarmut a Verloscht vu vermeintleche Privileegien

Schoul an Opklärung gehéieren zesummen

D’Schoul soll deene Jonken hëllefen de Kapp opzemaachen.
headphones

4 min

play_arrow

Firwat wiele Grenzgänger riets-nationalistesch Parteien?

Direkt hanner der Grenz hu 40 Prozent vun de Wieler fir de Rassemblement National gestëmmt.
headphones

4 min

play_arrow

Resistenz fréier an haut

Enger desastréiser Iwwerschwemmung vu Lige si mir an eisen Demokratien ausgesat.
headphones

4 min

play_arrow

D’Meedercher si vir

Si passen sech besser un eise Bildungssystem un.
headphones

4 min

play_arrow

De Client ass net méi de Kinnek

Déi menschlech Bezéiunge kréien nëmmen den zweete Präis.
headphones

4 min

play_arrow

Vun neien an ale Gëtter 2.0

Zu enger méi vernënfteger Politik wäert dat och dës Kéier net féieren.
headphones

4 min

play_arrow

Erënnerung un d'Bertha von Suttner: "Die Waffen nieder!“

Mat hirem Numm verbonne bleift hiren onermiddlechen Asaz fir de Fridden.
headphones

4 min

play_arrow

Net d'Flüchtlinge sinn eng Gefor fir d'EU ...

... mee déi Politiker a Parteien, déi d'Ängschten a Gefiller vun de Mënschen instrumentaliséieren.
headphones

4 min

play_arrow

Rietsradikal Parteien an Europa: verdeelt an trotzdeem widderstandsfäeg

Vun Donneschdeg bis Sonndeg gëtt en neit Europäescht Parlament gewielt.
headphones

5 min

play_arrow

Internationalen Dag géint Diskriminéierung vun LGBTIQ+ Persounen

Egal ob lesbesch, schwul, bi, trans, inter oder queer - Diskriminéierung gehéiert fir dës Persounen dacks zum Alldag.
headphones

4 min

play_arrow

Eng humanistesch Visioun fir en Europa vu muer

Eng vun den zentrale Froen ass déi vun der Verdeedegung vun de Mënscherechter.
headphones

4 min

play_arrow

Klimaschutz als Mënscherecht

Den Europäesche Geriichtshaff huet festgehalen, datt de Klimaschutz eng staatlech Flicht ass.
headphones

4 min

play_arrow

Trendsetter an der Schoul  

Sozial oder politesch Sujet'en, iwwer déi Erwuessener just diskutéieren, ginn am Mikrokosmos Schoul längst live getest
headphones

4 min

play_arrow

Eng gesamtgesellschaftlech Debatt iwwert de Rentesystem?

Wéi kënnt eng Rentereform ausgesinn?
headphones

4 min

play_arrow

Ongewëss demographesch Perspektiven

Ouni auslännesch Matbierger géif d` Bevëlkerung vu Lëtzebuerg mat der Zäit staark schrumpfen, wat eist Entwécklungsdynamik staark aschränken géif
headphones

4 min

play_arrow

Olympia, Politik a Mënscherechter

Onpolitesch Olympesch Spiller sinn e fromme Wonsch
headphones

4 min

play_arrow

Äddi, Natioun!

Lëtzebuerg ass am gaangen duerch sozial Exklusiounsprozesser am zu enger klientelistescher Finanzplaz ze regresséieren
headphones

4 min

play_arrow