Radioen

On air

Tockcity  |  Wings of Desire - Forgive and Forget (Reprise)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kultur

Episoden

Wien huet Angscht virum groe Mann (am Casino)?

Et ass méi einfach anerer ze culpabiliséieren, wéi sech selwer. Esou ass d'Bild vum Däiwel entstanen, mengt de Curateur Benjamin Bianciotto.

D'Wäschfraen aus der Family of Man

D'Aarbecht ass ee vun iwwer 30 Sujeten an der Fotoexpo "Family of Man". E Beispill: dem Éisträicher Emil Obrovsky seng Wäschfraen.

Grouss Areenae verlaange Koordinatioun vu Covid-19-Mesuren

D'Fuerderung vun der European Arenas Association ass de séieren Erëmopbau vum internationalen Touringcircuit, d'Erëm-Opmaache vu Sportsevenementer mat Public.

E Monogram(m) fir de Cercle Cité

An Zäite vu sozialer Distanzéierung geet d'Équipe vum Cercle Cité, mat Konscht am ëffentleche Raum, symbolesch e Schrëtt op d'Mënschen duer.

Eng Gebuert/ a schwaarzwäiss/ zu Klierf

De Wayne Miller huet 1946 d'Gebuert vu sengem Fils op Foto festgehalen. Dat war deemools nach ongewinnt; d'Bild huet vill Leit schockéiert.

Jean Portante - Discours sur la littérature

"La poésie naît quand les mots quittent leurs mondes respectifs pour aller se mêler à ceux des autres mondes."

Hooped vum Ady El Assal

No zwee ganz erfollegräiche Filmer "Les gars" a "Sawah" preparéiert de Realisateur Ady El Assal elo säin drëtte Longmetrage.

Kuckt am MNHA hanner d'Medici

Zanter den 1970er sammelt den texaneschen Investor Mark Haukohl florentinesch Barockkonscht; d'Kollektioun ass haut e Verméige wäert.

Pot-Pourri iwwer Konscht a Literatur

Wat gëtt et an der aktueller Ausgab vun ''Arts et Lettres'', der Publikatioun vum Institut Grand-Ducal, ze liesen? E Bäitrag vum Michel Delage

D'Giulia Cenci markéiert hiren "Territory" am Mudam

Opgespiisst Eenzeldeeler vun Déieren a Maschinnen: der Giulia Cenci hier Konschtinstallatioune ginn als "transgressive art" bezeechent.

Mat Luucht dem Foyer vum Mudam eng aner Identitéit ginn

De portugisesche Kënschtler Cabrita an den englesche Sculpteur Cerith Wyn Evans dialogéieren am Mudam mat verschiddene Luuchtinstallatiounen.

Appel: Nationale Literturconcours

Kanner- a Jugendliteratur si fir déi 42. Editioun vum Nationale Literaturconcours gefrot.

Den Archiv vun der Stad Lëtzebuerg stellt sech vir an aus

De Stater Archiv ass d'Gediechtnes vun der Stad Lëtzebuerg; säin eelst Dokument ass vun 1244. Seng Schätz weist den Archiv aktuell am LCM, dem Lëtzebuerg City Museum.

Cancel Culture

Eng kleng Chronik ronderëm den aktuelle Begrëff "Cancel Culture"

"Eng kritesch Studie vun der Globaliséierung"

Ëm Tomatenzooss als eng vu ville positiven Äntwerten op déi aktuell Kris. Dorëms geet et ë. a. dem Duo a LEAP-Finalist Baltzer & Bisagno an hirer aktueller Ausstellung an de Rotonden.

Christiane Kremer - De Bicherbus

E Roman, deen e Versuch vun Emanzipatioun vun enger Fra erzielt.

Black Lives Matter zielt och an der Konscht

Déi amerikanesch Protestbeweegung huet déi zäitgenëssesch Konscht d'lescht Joer am meeschte beaflosst, esou déi brittesch Konschtzäitschrëft ArtReview.

Fir de Paul Kirps ass et "Time 0"

Seng rezent Vuen op New York, Barcelona, Lissabon, Bréissel ... an op Lëtzebuerg am Lockdown presentéiert de Paul Kirps a Form vu Polaroids.
headphones

9 min

play_arrow

Poesie-Concours Victor Hugo

Les Amis de la Maison de Victor Hugo à Vianden asbl organiséieren e Poesie-Concours am Kader vum Victor Hugo sengem leschten Openthalt ze Veianen.

Filmkritik: "Sébastien Tellier - Many Lives"

Trash-Entertainer oder authentesche Museker? Interessanten Documentaire iwwer eng franséisch Popvedette. Um Site vum ArteKino Festival ze gesinn.