Kultur
E Monogram(m) fir de Cercle Cité
Et war mëttlerweil zur Traditioun ginn: wann an der Stad d'Chrëschtdagsbeliichtung ugaangen ass, huet d'Équipe vum Cercle Cité an hirem Ratskeller eng méi prestigiéis an ongewéinlech "expo de fin d'année" opgemaach. Do war zum Beispill d'Ausstellung iwwert dem Picasso seng Keramikkonscht. Am November 2020 sollt der Diane Venet hier Kënschtler-Bijoue-Sammlung ukommen. Mee Corona huet de Pläng an den opwennege Preparatiounen e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. D'Directrice artistique vum Cercle, d'Anouk Wies, huet dem Kerstin Thalau den Alternativprojet presentéiert.