arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden

Frank Engel
Vun de franséische Presidentewalen iwwer den Ukrain-Konflikt bis bei d'Lëtzebuerger Index-Diskussioun: Froen un de Spriecher vun der neier Partei Fokus.
Charel Goerens
Mir froen den Europadeputéierten vun der DP, wéi hien d'Resultater vum éischte Tour vun de franséische Presidentielle bewäert.
Régis Moes
De Staatsmusée beliicht vun haut un "déi kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg". Mir froen den zoustännegen Historiker, wéi eng nei Aspekter d'Ausstellung opdeckt.
Dr. Marc Berna
Mir froen den neie Generaldirekter vun den Hopitaux Robert Schuman, wéi hien nees Rou an de Spidolsgrupp wëllt bréngen.
Serge Allegrezza
Mir froen den Direkter vum Statec wat an dësen onsécheren Zäiten déi ekonomesch Aussiichte fir Lëtzebuerg sinn.

Nora Back
Mir froen d'Presidentin vum OGBL ob si sech an den Tripartite-Verhandlunge verpokert huet.
Dr. Paul Wirtgen
Mir froen den neien Direkter vum Ettelbrécker Spidol, wéi et mat der Maternité a sengem Spidol virugeet.
Franz Fayot
De Wirtschaftsminister iwwer en Tripartite-Accord ouni OGBL an d'Krisen-Hëllefe fir Entreprisen.

Claude Turmes
Den Energieminister iwwer méiglech Enkpäss bei der Gasversuergung an déi temporär Reduktioun vun de Spritpräisser.

Fred Keup
Den neien Mann un der Spëtzt vun der ADR iwwer seng Pläng als Nationalpresident.
Georges Pierret
Hie war Member vum Frëndeskrees a gouf vun der eegener Partei op d'Geriicht geholl. Mat enger emotionaler Ried huet hie senger Roserei elo um CSV-Kongress Loft gemaach.

Djuna Bernard
Zwee Deeg nom Kongress vun déi gréng zu Jonglënster: e Gespréich mat der Co-Presidentin vun der Partei.

Elisabeth Margue a Stéphanie Weydert
Si sollen de Weekend Co-Presidentin a Co-Generalsekretärin vun der CSV ginn. Mee wéi wëlle si hir Partei nees an e positiivt Liicht réckelen?

Michel Reckinger
Mir froen de President vum Patronatsverband UEL, wat et nach brauch, fir datt en Tripartite-Accord kann ënnerschriwwe ginn.
Nora Back
D'Tripartite war gëschter laang beieneen. Wéi grouss sinn d'Chancen, datt et haut zu engem Accord kënnt? Dat froe mir d'Presidentin vum OGBL.
Romain Wolff
Mir froen de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft, wat hie sech vun der Tripartite vun haut erwaart.

François Heisbourg
Wat wëllt de Wladimir Putin? Froen un de renomméierten Expert a geopoliteschen a geostrategesche Froen iwwer de Krich an der Ukrain a seng Konsequenzen.

Gérard Zens
Den Direkter vun der École internationale de Differdange et Esch/Alzette iwwer Offer, Fonctionnement, Succès a Complementaritéit vun den ëffentlechen internationale Schoulen.
